Am Weltraumsecteur ass Lëtzebuerg an engem Domän aktiv, wou och zwou Weltmuechten ënnerwee sinn, dat sot de Politikwëssenschaftler Malte Riemann.
Zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain am Februar 2022 ass de Wagner-Grupp um Konflikt bedeelegt, esou den Dr. Malte Riemann, Politikwëssenschaftler op der Universitéit Glasgow.
Am Ufank wier Wagner éischter bei klenge Militäroperatioune am Asaz gewiescht. Direkt am Februar wieren eng 400 Söldner ordonéiert ginn, den ukrainesche President Selenskyj ze ermorden, esou de Malte Riemann.
Mëttlerweil ass Wagner e wesentleche Bestanddeel vun de russesche Kampfhandlungen. De brittesche Geheimdéngscht geet dovun aus, dass ronn 50.000 Kämpfer an der Ukrain aktiv sinn. 80 Prozent dovu wiere Leit aus russesche Prisongen, dat sot den John Kirby, de Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot vun den USA. E groussen Deel dovu wier den Ament an der ukrainescher Stad Bachmut, an dat als "Kanounefudder", esou den Expert vun der Uni Glasgow.
Satellitte-Biller aus Lëtzebuerg fir Wagner?
Zanter e puer Woche steet d’Fro am Raum, op vun enger Duechtergesellschaft vun enger chineesescher Weltraumfirma och vu Lëtzebuerg aus Satellitte-Biller un de Wagner-Grupp zur Verfügung gestallt goufen.
Dat hei wier ee Beispill dat géif weisen, wei déi modern Krichsféierung am Gaang ass, sech ze wandelen. Et wier Deel vun enger hybrider Krichsféierung, wou d’Grenzen tëscht staatlechen Acteuren a net-staatleche verschwammen.
Neie kale Krich?
Aus der Siicht vu villen Experte geet et am Krich an der Ukrain, net nëmmen ëm europäesch a russesch Sécherheetsintressen, mä ëm de Systemkonflikt tëscht China an den USA. China ass eng opstriewend Weltmuecht an Amerika wëll seng hegemonial Positioun behalen.
E Land wéi Lëtzebuerg géif sech den Ament an enger problematescher Situatioun befannen, esou de Malte Riemann. Et misst ee sech entscheeden, a wei eng Richtung ee sech orientéiert.
"Vor allem, wenn man sieht, dass Luxemburg sich immer mehr als einer der zentralen Drehscheiben der Weltraumforschung und Weltraumexploratioun positioniert. Und zwei Weltmächte sich in diesem Markt auch tummeln."
Wien ass den Dr. Malte Riemann
De Malte Riemann huet dräi Fuerschungsschwéierpunkten op der Universitéit vu Glasgow: Strategiefuerschung, d’Transformatioun vun der Krichsféierung an d’Roll vu net-staatlechen Acteuren a Kricher.
Comments