Luxembourg

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Duerchwuessene Weekend fir d'Lëtzebuerger

RTL Tele Letzebuerg - sport

Sport / RTL Tele Letzebuerg - sport 1 Views comments

De Laurent Jans an de Mathias Olesen kasséiere batter Néierlagen, wärend den Enis Mahmutovic, de Mica Pinto an de Florian Bohnert wichteg Punkte sammelen.

Um Samschdeg gouf et fir Waldhof Mannheim an de Laurent Jans eng batter 0:3-Defaite bei Wehen-Wiesbaden. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwer 90 Minutten um Terrain, konnt déi dräi Goler an der zweeter Hallschent awer net verhënneren. Mannheim huet elo zwee Punkte Réckstand op Wehen-Wiesbaden, déi op der drëtter Plaz stinn.

Den Enis Mahmutovic huet mat ZSKA Sofia wichteg Punkten am Kampf ëm d'Meeschterschaft gesammelt. Sofia konnt mat 1:0 géint den Tabelleleschte Varna gewannen a steet weiderhin un der Tabellespëtzt, véier Punkte virum Zweetplacéierte Ludogorez Rasgrad. De Lëtzebuerger souz am Ufank op der Bänk a gouf an der 80. Minutt agewiesselt.

Wigan Athletic spillt deen zweete Match hannertenee gläich a kënnt net wierklech vun der Plaz. Am Match géint Watford gouf et en 1:1. Den Danel Sinani stoung déi 90 Minutten um Terrain. Wigan bleift Tabelleleschten, huet awer just dräi Punkte Réckstand op eng Netofstigsplaz.

Fir den 1. FC Köln an de Mathias Olesen war et batteren Owend zu Dortmund. D'Kölner goufe mat engem 1:6 heemgeschéckt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet de ganze Match gespillt.

De Mica Pinto a Sparta Roterdam konnten hir drëtt konsekutiv Victoire feieren. Beim 2:0 beim FC Emmen huet de Lëtzebuerger déi komplett 90 Minutte gespillt. Sparta Rotterdam läit elo op der fënnefter Plaz an der Eredivisie.

Den SC Bastia sammelt weider Punkten an huet nach ëmmer gutt Chancen op eng Opstigsplaz. De Florian Bohnert stoung bei der 1:0-Victoire beim FC Paräis déi komplett Spillzäit um Terrain.

Freideg

90 Minutten iwwer huet den Dirk Carlson an der Defense vu St. Pölten an der zweeter Éisträichescher Liga dofir gesuergt, datt d'Null géint Liefering stoe bliwwen ass. Getraff fir Pölden hunn den Llanez an der 60. an den Hartwig an der 76. Minutt.

En 1:1 gouf et fir d'Ekipp vum Gerson Rodrigues Al Wehda doheem géint Al-Taawon. De Lëtzebuerger war bei dëser Partie awer net am Kader.

Comments