Luxembourg

Internationale Futtball: Tottenham gëtt sécher Victoire aus den Hänn

RTL Tele Letzebuerg - sport

Sport / RTL Tele Letzebuerg - sport 1 Views comments

D'Spurs spille géint den Tabelleleschte Southampton just 3:3. An der Bundesliga setzt sech Bochum iwwerraschend géint Leipzig duerch.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher vum Samschdeg fannt Dir hei.

Premier League

Southampton - Tottenham 3:3
0:1 Porro (45'+1), 1:1 Adams (46'), 1:2 Kane (65'), 1:3 Perisic (75'), 2:3 Walcott (77'), 3:3 Ward-Prowse (90'+3, Eelefmeter)

D'Spurs ware verdéngt a Féierung gaangen, nodeems si quasi déi ganz éischt Hallschent dominéiert hunn. Direkt no der Paus huet Southampton déi éischt Chance zum Ausgläich genotzt, mee Tottenham huet sech net aus der Rou brénge gelooss an zwee weider Goler nogeluecht. Nodeems ee gemengt hat, d'Virentscheedung wär gefall, huet de Walcott Southampton nach eng Kéier an de Match bruecht. An der Nospillzäit der Lokalekipp no engem Eelefmeter souguer nach den Ausgläich geléngen. Southampton bleift Tabelleleschten, Tottenham verpasst de Sprong op Plaz 3.

Chelsea - Everton 2:2
1:0 Joao Felix (52'), 1:1 Doucouré (69'), 2:1 Havertz (76', Eelefmeter), 2:2 Simms (89')

Chelsea gëtt nees zwee wichteg Punkte géint en Underdog of. An der éischter Hallschent war Chelsea wuel déi dominéierend Ekipp, hat awer keng zwéngend Chancen. Et war de Joao Felix, deen d'Blues a Féierung bruecht huet. Duerno koum Everton besser an de Match a konnt ausgläichen. Kuerz duerno krut Chelsea en Eelefmeter zougesprach, deen och genotzt konnt ginn. Everton huet Chelsea kuerz viru Schluss mam Ausgläich iwwerrascht an de Blues soumat wichteg Punkten ofgeholl.

Serie A

Ligue 1

Toulouse - Lille 0:2
0:1 Alexandro (86'), 0:2 Bayo (90'+11)

Den OSC Lille profitéiert vun zwee spéide Goler a steet provisoresch op der fënnefter Plaz vun der Ligue 1. Den 1:0 war no engem Fräistouss gefall a wéinst enger laanger Verletzungspaus goufen zwielef Minutten nogespillt, an deenen nach den 2:0 gefall ass.

La Liga

Comments