Hei goufen et dann och nees Ausernanersetzungen tëscht der Police an den Demonstranten.
Leschte Meldunge vun e Samschdeg de Moien hunn d'Sécherheetsbeamten Waasserwerfer an Tréinegas agesat. D'Demonstranten hunn Pawee-Steng op d'Poliziste geheit. Et wier och zu Brandstëftung komm. Dem Franséische Fernseesender BFMTV no wiere weider 60 Leit festgeholl ginn.
E Freideg hat d'Regierung kuerze Prozess gemaach an d'Reform ouni Ofstëmmung am Parlament decidéiert. Antëscht hunn zwou Oppositiounsfraktiounen eng Mësstrauensmotioun agereecht.
Comments