Luxembourg

Formel 1: Sergio Perez kroopt sech d'Pole Position

RTL Tele Letzebuerg - sport

Sport / RTL Tele Letzebuerg - sport 1 Views comments

De Fernando Alonso geet vu Plaz 2 an d'Course. De Weltmeeschter Max Verstappen war no technesche Probleemer net an de leschten Tour komm.

De Sergio Perez geet um Sonndeg vun der éischter Positioun an de Grousse Präis vu Saudi-Arabien. De Mexikaner huet sech virum Charles Leclerc behaapt. De Ferrari-Pilot gëtt awer no engem Wiessel vun der Batterie zéng Plazen no hanne versat a start soumat vun der Plaz 12. De Fernando Alonso ass déi drëttséierst Zäit gefuer a profitéiert vun der Strof vum Leclerc. Hie bestätegt domat déi gutt Performance vun Aston Martin beim Saisonsoptakt a Bahrain. Den George Russell op Mercedes an de Carlos Sainz komplettéieren déi zweet Startrei.

De Max Verstappen huet am Q2 no technesche Probleemer mussen opginn a start um Sonndeg vun der 15. Plaz. Eng staark Performance huet den Oscar Piastri op McLaren mat der néngter Plaz gewisen an de Lance Stroll huet mat Plaz 5 dat gutt Resultat vun Aston Martin ofgeronnt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023

Comments