Luxembourg

Formel 1: Première zu Las Vegas huet fir Spektakel gesuergt

RTL Tele Letzebuerg - sport

Sport / RTL Tele Letzebuerg - sport 3 Views comments

Et war eng grouss Show vun de Responsabelen vun der Formel 1 versprach ginn.

Um Enn gouf et dann och bei der Premiere vum Las Vegas Grand Prix souwuel op, wéi och nieft der Streck den ugekënnegte Spektakel.

Beim éischte Grousse Präis an der Stad vun der Sënn, um 6,2 Kilometer laange Las Vegas Strip Circuit, gouf et en haartëmkämpften Succès vum Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull, zwou Sekonne virum Ferrari-Pilot Charel Leclerc. De Circuit ass der Scuderia schonn entgéint komm, seet den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:

"Et huet ee gesinn, de Ferrari ass relativ gutt do gaangen. An der Course muss een awer soen, hat de Verstappen ganz kloer Potenzial. Hie konnt trotz 5-Sekonnen-Strof ouni Problem erëm un de Ferrari erukommen, respektiv dem fortfueren. Do gesäit een einfach, jo Ferrari kënnt am Quali-Modus zwar der ganzer Saach méi no, am Rennmodus hunn si d'Pace nach ëmmer net ganz. Wat een allerdéngs gesäit datt Red Bull net méi déi kloer Dominanz huet. Do mierkt een, datt déi aner Ecurië sech lues a lues net mat bäi schalten."

No der éischter Editioun vum Las Vegas Grand Prix, huet een elo natierlech e puer Referenzpunkte méi wéi nach virum Weekend:

"Bis op e puer kleng Kannerschwieregkeeten e Freideg eng gelonge Première. De Circuit, technesch gesinn, net wierklech eng Erausfuerderung fir d'Piloten, allerdéngs fir richteg vill Zuschauerfreed gesuergt, gutt fir ze iwwerhuelen, d'Strategie vu lues Kéier mat laang Riicht mat DRS, rëm eng lues Kéier funktionéiert."

Vu Las Vegas geet et elo direkt eriwwer op Abu Dhabi, fir déi lescht Course vun der Saison. Tëscht deenen zwou Destinatioune gëtt et en Zäitënnerscheed vun ëmmerhin 12 Stonnen. Fir de ganze Formel-1-Zirkus, dee matreest, ass dat sécherlech alles anescht wéi evident, fir mam Jetlag eens ze ginn.

A beim Grousse Präis vun Abu Dhabi ass RTL Lëtzebuerg natierlech och nees Live dobäi. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg de Mëtteg um 2 Auer.

Comments