Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm d'EM-Campagne vun de roude Léiwen.
D'Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp huet d'Europameeschterschaftsqualifikatioun mat 17 Punkten ofgeschloss. Nach ni huet eng FLF-Formatioun méi Punkte geholl.
Am Podcast Drëtt Hallschent zitt de Jeff Kettenmeyer mat den RTL-Experten a fréiere Nationalspiller Marc Oberweis an Eric Hoffmann de Bilan.
Nieft deem Sportleche geet et awer och ëm ee méiglechen neie Kontrakt vum Luc Holtz, enger Partie Niewegeräischer wärend dëser Campagne a wéi eng Spiller um Terrain besonnesch erausgestach hunn.
Donieft kucken déi Dräi awer och schonns no vir op de Playoff vun der Nations League, deen am Mäerz gespillt gëtt.
Comments