Luxembourg

Basket: Gréngewald séchert sech Coupe bei den Dammen

RTL Tele Letzebuerg - sport

Sport / RTL Tele Letzebuerg - sport 1 Views comments

An der Paus louch Hueschtert eelef Punkten hannen an dréint de Match an der zweeter Hallschent.

An der Finall vun den Damme setzt sech de Gréngewald um Enn kloer mat 71:60 (15:18, 14:22, 22:5, 20:15) géint d'Sparta duerch.

D'Sparta huet dem Gréngewald an der éischter Hallschent gewisen, dass et net esou einfach wäert ginn, d'Coupe mat Heem ze huelen. Den éischten an den zweete Quarter goungen un d'Ekipp vu Bartreng, soudass si mat eelef Punkten Avance an d'Paus goungen. Nom Säitewiessel ass bei de Spartaer Dammen an den éischten zéng Minutten näischt méi gelaf. Si hu just fënnef Punkte markéiert, wärend de Gréngewald der 22 geworf huet an esou zeréck an de Match koum.

De Gréngewald huet virun allem vun de villen Dräier an der zweeter Hallschent profitéiert an esou de Match um Enn fir sech entscheet. Mat 25 Punkte hat d'Samantha Logic beim Gréngewald e groussen Undeel un der Victoire genee esou wéi Lauren Anne van Kleunen mat hiren 18 Rebounds.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen

Comments