Luxembourg

Am Kader vum Futtball-Lännermatch: Lëtzebuerger Resident bei Verkéiersaccident a Liechtenstein schwéier blesséiert

RTL Tele Letzebuerg

Nachrichten / RTL Tele Letzebuerg 3 Views comments

Am Kader vum Futtball-Lännermatch

RTL|Update: 20.11.2023 23:05

Wéi d'Police vu Liechtenstein mellt, war et géint 17.55 Auer e Sonndeg zu engem uerge Verkéiersaccident komm.

Wéi et um Internetsite vun der Police heescht a wéi d'Lëtzebuerger Wort schreift, wieren eng 50 bis 60 Futtballfans op enger Landstrooss an Direktioun Vaduz ënnerwee gewiescht. Ee vun hinnen, deen um Schluss vum Grupp getrëppelt war, gouf dobäi vun engem Auto erfaasst.

De Mann wier eng 70 Meter um Capot vum Auto matgeholl an duerno nees erof geschleidert ginn. Wéi d'Police vu Liechtenstein op Nofro hi confirméiert huet, handelt et sech beim Affer ëm e Lëtzebuerger Resident.

De Chauffer vum Auto, bei deem et sech der Police no ëm en donkele Kombi handele kéint, war nom Accident net stoe bliwwen, mä an Direktioun Vaduz weidergefuer.

D'Police vu Liechtenstein sicht an dësem Kontext no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebiede sech op der Telefonsnummer 00423 236 71 11 oder via d'Mailadress info@landespolizei.li ze mellen.

Comments